D'Léierchen Kaum huet d'Feld dat frëndlecht Feier Vun der Aussentssonn gesunn Ás mam Plou aus Stall a Scheier D'lescht e Bauer ausgezunn. Fir de Plou em nach ze dreiwen War säi Jéngelchen aläert, Deen nët wëllt doheem méi bleiwen An e souz um viischte Päerd. Op der Schëllche stoung ze denken D'Léierche mam Häerz voll Lidder Fir de Béifchen nach ze zänken Duckelt s'an de Som sech nidder. Bis e laascht war, an du stëmmt se Un e Liddchen, datt et kraacht Op der Nouteleder klëmmt se Datt dem Béifchen d'Häerz alt laacht. An du sot en: Papp, ech mengen Bal de Vull dee kénnt och schwätzen. Lauschter, sot de Papp zum Klengen, Ech kann d'Liddchen iwersetzen. Bas de do, mäi léiwe Frëndchen Ma de Wanter dee war laang! Kuck, ech hat keng fréilech Stënnchen 'T war fir dech a mech mer baang. An du koum ech dech besichen Well du goungs nët méi eraus Mann wat hues jo du eng Kichen Wat eng Scheier wat en Haus. Wi zerguttster, a wat Saachen! An déng Fräche gouf mer Brout. An déng Kanner, wi se laachen, An hir Bäckelcher, wi rout! Jo, bei dir as Rot nët deier! Jo a kuck mer wat eng Mëscht. Dat gët Saache fir an d'Scheier An och Suë fir an d'Këscht. Muerges waars de schuns um Dreschen Ir der Daudes d'Schung sech stréckt Bas am Do duurch Wis a Päschen Laascht all Waassergruef geschréckt. Jaa, dir wäerd schuns näischt entlafen A keng Bessréng geet verluer Wien dech géif fir Efalt kafen Krit jo fir sät Geld keng Wuer. Eemol koum en aarmen Alen, An ech houl et wuel an Uecht Dass de gouf dem schwaache, kalen Vun dem Dësch de ganze Ruecht. An du schécks e bei den Uewen An du schwaats em Freed a Mutt. Bauer, kuck ech muss dech luewen Du gefälls mer vill ze gutt. Duecht ech wuel, du géifs bal kommen! D'Hieselhecken hu geblitt An de Schnéi as all verschwonnen Dann as d'Zäit jo datt ee plitt. Riichteg, gläich beim Fréijoorswëndchen Këmms de mat dem Plou gezunn; Frou as wi e Kirmeskëndchen Sin ech nun erbäi geflunn. Du waars fir mäi Kannerträppchen An dem Frascht de guttste Mann Án dir sange fir all Gräppchen Ech all Lidder déi ech kann. Weess d'och, alles huet dech gären D'ganz Gewan se mécht der Freed Kucks de no a kucks de fären Alles gréisst dech wäit a breet. Do as d'Wis am grénge Kleedchen Kuck wi laacht se dir sou léif D'Grieschen och hiirt butzeg Meedchen Kuckt der no a steet op d'Zéif. An ech hu mam Weesseseemchen Och schuns dénger Rieds gehat, Mart all Wis a Feld a Beemchen Hun och vun dir geschwat. D'Wis, déi sot: ech brénge Fudder Fir séng Päerd a fir séng Kéi An de Klé och hire Brudder Sot: ech bréngen em nach méi. An de Weess versprouch nët manner: Waart, ech man de Bauer frou Well ech brénge sénge Kanner Kiirmeskuch a Freed derzou. D'Patte loossen d'Beem mer kucken Soten all: mer dun eist Bescht. Looss äis nach e wéineg brucken Stäipe muss en all eis Äscht. D'Rief se huet mer och eng Seechen Niechterowend scho verzielt Vun dem allerbeschte Greechen, Deen se fir dech auserwielt. Looss e wéineg nach gewäerden Bauer o da gët et Freed Kuck mat wäisse Wolkenhäerden Fiirt jo d'Sonn nu schuns op d'Weed. An den Himmel kuckt sou frëndlech Grad as wann e schwätze géif: As der Eppes, so em 't mëndlech, Well ech weess du bas em léif. Wëlls de Blummen, Bléie, Blieder Fruucht an Uebs an d'Gras och grouss So et! O dat schéinste Wieder Huet e jo fir dech am Schouss. Jaa, du wäers och nët vergiessen Fir déng Fra de Määsch a Fimmel An de renge feine Fliessen Soll hir bléien wi den Himmel. An ech mengen och nach halwer Häss de gären nach alt wuel Schéi jong Fillen, lëschteg Kalwer An och Lämmercher eng Zuel. Haltla hee! nu looss dat wuessen Well zum leschten häss de gär, Datt der kalwe sollen d'Uessen, Datt de Bauer géif en Här. Guer ze räich as nët vum Beschten D'Kiirmes mécht eis all gelott. An de Räichen huet zum leschten Némme Geld a guer kee Gott. Zënter datt den alen Uedem D'Paredäis der huet verluer, Hal dech fest dach um Äerdbuedem An um Kolter an um Schuer! Schlecht vun Uebs a grousse Bëscher Hun zum éischten d'Lett gelieft Hei als Jeër, do als Fëscher Hallef wëll dohier geschwieft. An eng Hiel, en Daach vu Reiser, Hott gebaut a muer vergiess, Waren deemol nach hir Haiser, Wou se plakeg hu gesiess. An nun, heescht et, hätt op Äerden Gott en Engel hier geschéckt, Deen den aarmen Mënschenhäerden Weessen-Éigen hätt gepléckt; Deen och hätt se do geléiert Wi een d'Käercher reng zerdréckt, Wi een d'Miel an d'Waasser réiert An am Feier d'Brout sech béckt. Wien huet d'Äerd nu d'éischt gegruewen Op den ale Wues geruet? Deen als Bauer as ze luewen Deen de Som mam Feld bestuet. Dem Gescheiten nu séng Jongen Gin nach weider, léiren zou. An de Stéier gët gezwongen, Dun en zitt den éischte Plou. Drop erfannen s'och eng Millen, Déi se dréie mat der Hand; An se ackren an se zillen, An se liewe mat Verstand. D'Nout deet sichen, an se fannen Emmer schéiner man se d'Liewen D'Fralett léiren d'Woll nu spannen An zu Duch de Fuedem wiewen. Vill schéi Saache lougen déiweg De Gescheite bruecht se duer: Bauer sief am Fach du préiweg Notzt hett nët, d'notzt et muer D'nei Erféndonk muss de préiwen Séimaschin Hobitzeplou. Wou et geet, do wäers d'et lérwen: Wuel, et geet nët ëmmerzou. Liichte Buedem, liicht as d'Pléien Riicht déng Éigen no der Scholl, Missen dräi deer Päerd s'och zéien; Deemno Buedem, deemno d'Roll. Looss déng Pléi a Wone maachen Vun em Meeschter an dem Stéch, Well et geet an dene Saachen Ganz exakt a bis an d'Bréch. Lauschter, Bauer dët as richteg Alles geet wann s du gutt gees, Wa's de méchs 't as alles wichteg Fir d'ganz Ménschheet wéi s de weess. Aner Lett sin och wuel ierdeg An se maachen dët an dat Oune dech da sin s'all fierdeg, Bauten s'och aus Gold hir Stad. Fir der d'Aarbecht liicht ze maachen As och alles gutt gesënnt. Wat Maschinnen a wat Saachen Ee jo hett fir dech erfënt! Kuck emol di ural Weën Iwer Hiwel Steen a Kniwel Dáf Geléiser an de Leën Am Moraas bis twer d'Stiwel. Elef Päerd u fnnef Zenner An om Iesel d' Méscht am Sak. Ee Gespann a stwe Männer, Mat der Gäissel klick a klak! Himmel Häll an Donnerwieder Alles gouf dann ugejaut: Aus dem Eisen aus dem Lieder Fueren d'Päerd mat zrassner Haut. Këmmt nu zréck d'Gefier un d'Rennen Schleeft et d'Béischen op de Récker Ir ee kann e Mëttel nennen, Trellt d'Gespann an dausend Stécker. Kuck nu d'Stroossen, déi sech zéien Kräizwees hin an hier duurch d'Land: Wi d'Gespänner driwwer fléien! A geféiert vun em Kand. Iwer Suppen sti schéi Brécken, D'Leë sin ewech gehan An du kanns och oune Zécken Dag an Nuecht déng Rees nu man. Wann de Bierg sech héich och wénkelt Bis un d'Wolken wi eng Buurg Wou de Wee nët driwwer krénkelt, Geet en Tunnel drënner duurch. Héischt et päifen, wäit vu fären? An de Buedem, wi e schuddert! Récken d'Fielzen aus de Lären? Stolz këmmt d'Feierpäerd geduddert! Ëm séng Héif, kuck, wi et fonkelt Séng Geschwënnheet mécht dech dronken Wou säin Otem d'Sonn verdonkelt, As säi Wee op gliddeg Quonken! 'T këmmt dohier as wi der Donner. 'T rennt ewech as wi geblëtzt, 'T hëlt mat fort wi duerch e Wonner, Wien op séngem Suedel sëtzt. Fro: Wouhier? Vun allenennen. Fro: Wouhin? Wou Mënsche sin. Wëlls de rondëm d'Äerd mat rennen? Setz dech op a fuer dohin! Dat as d'Feier, dat as Eisen, Waasser, an der Mëschenhand. An de Mënsch dee këmmt beweisen, Wat e kann duerch säi Verstand. D'Mënschheet huet hiirt Spill gewonnen, All Natioune si verbonnen; All Entfernonk as verschwonnen: D'Jor sin Méind, an d'Méind si Stonnen. Fäert nët méi de groussen Honger Mécht de Frascht déng Somen dout Well de Yankee wi den Onger Schécke gutt a wuelfeel Brout. 'T war e Bauer no um Stierwen, Deen zu sénge Kanner sot: Wéineg wäerd der vu mer ierwen, Hun ech mech och vill geplot. Kleng as d'Zuel vun eise Stécker Awer eent as dach ze luewen: Well an engem vun de Récker Läit e Quascht vu Gold begruewen. Sicht hei vir a sich dohannen Doëruechter, an der Mëtt: Grueft a wullt, der wäerd et fannen, A vergiewes sicht der nët. Wi de Papp nu war begruewen, Gin séng Jongen sech un d'Sichen: Läit et ënnen läit et uewen, Dat war séier dénn ze richen. Mat den Hele, mat Pioschen Worfen s'alles duercherneen Ma se fannen nët e Groschen, Nëmme Buedem, Sand a Steen. An du gouwen s'onzefridden Well hir Aarbecht war nët licht: Hat een aner se virschnidden? Hat de Papp se vläicht beriicht? An den Eelste sot: Nun hu mer Wuel gedresch dat eidelt Stréi Duerch de léiwe laange Summer A verluer as all eis Méi. Dach a Gottesname séien Looss mer dran nun eise Weess, Datt en aner Jor mer kréien. Eppes dach fir eise Schweess. An se séiten an hir Stécker: Gouf jo dat eng Fruucht derno! An der Fur wi op de Récker Stoung as wie Ridd se do. Jo an hätt een dra geschiwen Och e Rad vun engem Plou, Riicht op wir et ston dra bliwen. Denkt, du waren d' Jonge frou! An se soten: Jo nun hu mer Fond, wat eise Papp äis sot A mer hun am hed ie Summer Äis nët ëmmesoss geplot. Da's eng Seeche, léiwe Bauer Awer gutt fir dech erduecht: Gët der d'Aarbecht dack och sauer Huel dat Bäispill do an Uecht. Mat der Aarbecht d'Feld beléien Bréngt der Ligen och an d'Dëppen Wëlls de Fruucht hun, musst de pléien An nët schënnen oder strëppen. D'Feld muss Loft a Waasser drénken An der Sonn hiirt frëndlecht Lucht Schungsdéif muss et Enne blénken Hannrem Plou der an d'Gesiicht. Räiss eraus all Steen a Bréimer Hannrem Plou dech dack gebéckt! D'Dëschlen aus der Wuurzel zéi mer, Datt der d'Fruucht nët dran erstéckt. Ma du muss doraus nët schäffen Datt sech dat op eemol Brooch eraus den haarde Buedem, Bei der Rouer pléi en an, Datt de zaarte Wuurzelfuedem Plaz kritt an da wuesse kann. Ma du muss doraus nët schäffen Datt sech dat op eemol méich Dat ze wéineg geet op d'Häffen An zum Halsbroch dat ze Héich. Wien sech nët kann Otem schafen Wann de Balleg nët méi geet, Wäerd sech draus och wuel nët lafen Wann en d'Saach zerguttst versteet. Huel déng al verduerwe Stécker Déif mam Plou, ma no der Rei, Dët Jor dee vu wéineg Récker An dat anert Jor deen hei; Dass de kanns de Buedem defen, Well e Wellen as kee Krëscht, An dat mécht ee mat den Hefen Vun der allerbeschter Mëscht. Ir e ganz sech dach bekéiert Sin dack zwielef Jor vergaangen, Wi dErfaronk huet geléiert: An dat sin der vun de laangen! Op de Biergen, an de Grënnen Dausendfach an ëmmer anescht, As de Buedem uewen ënnen, Bei der Musel wi bei Manescht. Wi as dat nun all entstanen? Wie verzielt äis wat geschouch, Ir di blénkeg Fruuchtgewanen D'Äerd an ir se Mënschen droug! Ir den Dostär an d'Planëiten An um Himmel s'alleguer Ëm hir Sonne schéin sech dréiten War keen Hett a war kee Muer. Liicht a Loft an Äerd a Waasser Feierniewel duurcherneen D'Elementen déi sech haassen Danzen do nach mateneen. Wie beschreift all Gotteswonner! Lues a lues mécht d'Keelt sech Här D'Läicht an d'Schwéiert gin nu sonner: Stenge Schuel an Feierkär. D'Wolke falen, d'Niewel sénken Mier a Fielzen sin nu do Honnertdausend Stäre blénken D'Luucht as klar, den Himmel blo. Awer déif ënnen Damp a Schwiewel! D'Feier werft an d'Luucht séng Schuel. Glouseg Baachen, Aschenniewel! Bierg a Baschten oune Zuel. Op gejot aus séngem Leër Stremt d'Mier d'nei Bierg erof, Wi eng Biffelhäerd, déi d'Jeër Stéire king am Mëtteschlof. Plakeg stin nu d'Bierg derhanner Op de Gléchte läit de Läpp Wou der Äerd hir frëndieeh Kanner D'Planzen hiewe frou hir Käpp. Looss mer nët de Kapp zerbreechen nët mat dene Saache bint Wuer d''Geléiert bal nët reechen, Bleiwe mir mam Plou am Gaang. Ganz verschidde bei de Mënschen As de Sann all uechter d'Welt, A ganz sele wi mer wënschen 'T as nët anescht mat dem Feld. Ent as santeg, dréche, wakeg Anert schwaarz a mudleg moll Wou et schwéier as a spakeg, Gét am Summer haart séng Scholl. Dét as puffeg, liicht a schlappeg Wi der Lenzsot wuel et guet Dat as stäif, am Frascht nët happeg Wi dann d'Haartfruucht gär et huet. Bréngt e schwaacht Gespann vu Kéien Hei derduurch dee liichte Plou Misse véier Päerd drun zéien Wat se kënne soss enzwou. Héich läit dët, dat anert niddereg Bal as Leem bal Stee säi Bett, Héi gin d'Hällem dënn an ziddereg, Flatscheg do, an dack ze fett. Eent bréngt Bichent anert Eechent, Anert nëmme Ginst an Heed, D'Wis as vun Natur bezeechent, Schlechte Buedem dréit keng Weed. Solls de brooche schon vir dem Wanter Oder besser d'Aussenzäit Huel d'Erfaronk dir als Lanter Wou der d'Saach am Donkele läit. Liichte Buedem dee wellt bleiwen Duurch de Wanter an der Rascht, Ma de schwéire, feste, steiwen Mécht een affe gär dem Frascht. Wi der nu de Mond och wässert No der allerschéinster Fruucht: Gutt beaarbecht gutt gebessert Dann deet d'Feld der all séng Duucht. Naasse Buedem héich op Récker 'T mécht de Planze froue Mutt. Vëlleg Fure queesch duurch d'Stécker Dun dem Som am Wanter gutt. Dréit eng Wis hei Bock a Jénken Do dënn Hällem op dem Hiwel Dou se héijen, dou se sënken An dränéiren, 't wir soss twel, Dach vergiewens as all Schaffen As déng Méschtekaul ze kleng Well beim Wanen wi beim Saffen Sin dann d'Käercher liicht a kleng. Looss däi Feld den Hunn dack héiren Deen om Méschthaf houfreg kréit Soss as d'Broochen an d''Dränéiren Ëmmer dach op näischt gedréit. Wéineg Feld a vëlleg Fudder Gët vil Mëscht a wéineg Plou. Schankemiel a Kallekspudder Dreiwen d'Planz aus Lanler Rou. Awer hitt dech vir dem Kallek Huet de Buedem Kalleksteen Well do spillt en dir de Schallek An däi Feld seet motzeg neen. Gutts deet d'Feier och an d'Brennen Wann een ale Wues opruet, Ma déng Plaze muss de kennen Wou et notzt a wou et schuet. Dréchne Wues op Ginstefäschen Stécht een dack am Éislek un, Well do d'Feier an och d'Äschen Eeschtlech gutts dem Buedem dun. Wéineg gët dervun an d'Millen Wou de Buedem leemeg as Well do brennt en sech zu Zillen An dier gës de méi lass. Besser dack wi Méscht a Feier, (Dal Erfaronk seet et jo) As d'Geresch vun al Gebaier: Zwanzeg Jor laang hält et no. Dass de d'Piff vun dénge Béischten nët op d'Stroosse lafe léiss Soss seet d'Feld, dat as e Wéischten An déng Some gin der béis. Fir déng Wise muss de kennen Vun dem Fléizen och den Zock Well et daagt nët allenennen Hongrecht Waasser mécht der Bock. Wou kee Méstes, as kee Krëstes, Da's en ale Bauresproch, Ma deen aner (soss vergëss d'ës) Widderhuel der sechsmol d'Woch. Schirble vun de Branntwäinsklucken D'Schuel vun Affekoten-Nëss, Owens Kaarte, muerges Brucken Gér schlecht Dong; dat as gewëss. Wi de Buedem, sou verschidden Sin och d'Planzen déi mer hun Wou di eng si gär zefridden Sin di aner iweldrun. Kuer a Wëllkuer gin a liichter, An de Weess a steiwer Scholl; Koul a Geescht déi ma Gesichter, Stin se nët a fetter Moll. Maansdéif Buedem wëllt de Lisär Sand a Kallek duurcherneen Fir de Steekléi as et Misär Läit ze no de Leem a Steen. Léiflech blo as wi den Himmel Steet de Fluess am dompe Stéck, Awer d'Wierk mam Määsch a Fimmel Huet am fette Suewel Gléck. Setz op d'waremst Plaz déng Riewen Wou en d'Sonn kann Emmer laachen Datt eng Stënnchen si am Liewen Gär dir schéin a glécklech maachen. D'Somfruucht nu, déi muss de wielen, Bauer, héier u mäi Rot, Datt der d'Onkraut nët këmmt stielen All déng Aarbecht mat der Sot. Duurt a Fëtz, a Rued, wëll Wécken Brénge soss déng Fruucht an d'Nout, Sinneft këmmt der d'Lenz erstécken Kouweess fierft der schwaarz däi Brout. Wiessel d''Somfruucht, wëlls de räich gin D'Feld as mat der friemer frou; Wann och d'Käercher dann sech och gläich sin 'T helt a Kaascht a Sieschter zou. All Jor wiessel mat den Aarten Zweemol enges bréngt kee Gléck Fir an d'Scheier gin déng Faarten Da fir d'zweet der keemol déck. Haartfruucht, Huewer, Kléi a Wécken A mat Speise wiessel of Eemol mëschten zweemol plécken Gét et dräimol, 't as eng Gof. Hitt dech vill am Land ze pautlen 'T bréngt de Bauer ëm de Plou; Léier selwer d'Feld nët fautlen, Schwaache Stécker looss eng Rou. Fir d'Gedéiesch ze verschälken Vun de Käercher Wuurm a Mued Sin der vill déi d'Somfruucht kälken Notzt et näischt, 't mécht och kee Schued. D'Sotzäit nun, déi muss de wielen Léiwer Dréchent als wi d'Nätzt D'Mëttelmooss drop kanns de zielen Wann ee séit a wann ee setzt. Fir gutt Wieder solls de bieden Eiser Herrgott féiert d'Sonn Ma vergiess dobäi nët d'Jieden 'T mécht dem Feld eng nëtzlech Wonn. Fort mam Onkraut, dat as d'Iwels Hal déng Soten dovu sonner Gëf der Méi, well fir d''Gekniwels Deet der Wieder nët e Wonner. Zräiss de Buedem, zräiss féng dack en, D'Éig an d'Rolle musse schaffen Solle Weess a Kléi gutt stacken Maach am Mäerz en d'Feld recht affen. Wann no Frascht a Määrzeschauer D'Sonn op Bierg an Dall nu schingt Frou kucht ëm dech léiwe da gelt Bauer Wann d'Gewan rondëm dech gringt. Wann eraus d'jong Some krichen An di aner si schuns do Wann de Kapp all Planzen hiewen An de Vulle laustren no. Well de Bësch mam gréngen Hittchen Houfreg op dem Bierg do nu steet An den Hurt mam ale Liddchen An dem Dall ën d'Schofhäerd geet. Well d'jongt Lamp duurch blummeg Krädder Glott zu sénger Mudder spréngt Awer d'Kou de vollen Edder Owens vun der Weed em bréngt. D'Aarbecht rifft nun allenennen Haart duurch d'Woch dem Bauer zou; Ma se geet era liicht vun Hännen, Bis de Sonndeg bréngt em Rou. Wann de schéine Sonndesmuergen Mat der Ráéischen op dem Hutt Këmmt sou halwer oune Suergen Gelt dat deet am Häerz der Bauer gutt. 't deet am Häerz dem Bauer gutt. Well dem Schweess un d'Mantelbrietchen Hänkt nun op däin aalt Wierteskleed An du këmms wi aus er Liedchen Wann en dann op d'Kurch zou geet. D'wiertes Box, de bloe Kiddel D'schluetwäisst Hiem de schwaarzen Hutt Wann och nët nom leste Middel Stin dem Bauer sonndes gutt. Och déng Fra, déng waakreg Kanner Si jo nett a fest gekleet Maach mer awer datt dohanner Nët eng Nott beim Kréimer steet! Huel an Uecht dech louse Bauer, An all Buttéck as e Lach Do an hun der, 't as en Dauer Vill schuns Hals a Bee gebrach. Virum Lach do läit dem Kréimer Säi Regester déck a breet Héischt de, vun dem Buch do géi mer Féils d'an d'Lach dat ditt mer leed. Well do nidde sëtzt de Richter An de Réifer mat dem Bengel, An se man der wéischt Gesichter An den Huisschen as keen Engel. Hun déi dräi dech ënnrem Hummer, Alles schlon se der zu Blech 'T sief nu Wanter oder Summer Puddelnakeg flitts d'ewech. Jee, ech wollt dech dach ermunnen An du weess jo wi et geet. Ma dech wëll ech guer nët dunnen Well du bas jo nët verkleert. Looss den Houfert a séng Plommen D'Spuerzemkeet behal am Sann: D'Kleder ma behenn kee Dommen An de Paltong mécht kee Mann. Ma de Liichtfank as en Déier Wuers de féiers deem séng Mëst Wäers de fannen datt se séier D'Feld mat Grond a Buedem frësst. An de Schnedder as e Kärel Dee ganz lëfteg ëm dech trëppelt Dee ka päifen wi eng Märel Wann en d'Wisen der zerschnëppelt. Looss déng Fraleit nët mat Gaarwen Op den Hitten dohier gon An dëéng Felder mat schéine Faarwen Fluddreg ëm hir Schëllren dron. Weess de, dat si bosseg Spazen 'T steet zevill dobäi am Spill Well do fueren d'Wiseplazen Haus an Haff der aus dem Still. Wëlls du, Bauer dech erhiewen Ma da lief du mat Verstand Schéiner as däi rouegt Liewen, Wi de Birger hire Wand. Looss all Stied mat hirem Gallem Deen no faule Saache récht Bleif om Land wu d'Päif vum Hallem Schuns déng Kanner glécklech mécht. Glécklech wie séng véier Mauren An e schéinen Dällche baut Do ze liewe mat iech Bauren A mam Rescht op Gott vertraut. D'ganz Natur as him eng Priedegt, Maacht em ëmmer frësche Mutt Well de Gott, dee Vulle siedegt As och brave Mënsche gutt. An dem Gaart, wann d'Blumme bléien Hält en dack séng Mëttesrascht Bei de Kanner, déi bal fléien Wi d'jong Vullen aus dem Nascht. Da verzielt e sénger Frächen Wi de Weess do an Éige geet Wi op roude, bloe Flächen Kléi a Fluess om Flouer steet. Jo: de Jorgank kann sech schécken Fiicht as d'Äerd an d'Loft as waarm, Kuck, wi d'Blummen all sech bécken Vun dem schneekge Beischwaarm! A wi d'Uebsbeem st belueden Déi säi Papp nach huet geplanzt Aus dem Wéngert schécken d'Riewen Hire séisse Wäigeroch. Alles flockst a vollem Liewen, An't mécht Freed dem Bauer och. An da léisst d'a ronnen Zuelen Déngem Geescht wuel dack de Laf Wa's de fir de Stot muss huelen Wart der bleift nach zum Verkaf. Awer héischt d'och, wi et donnert, Fären hanner Bierg an Dall Datt di Béifche mengt verwonnert Ënnrem Buedem wir de Schall. Kuck, nu kommen d'Wolkerisen Schwaarz a gro dohier gerannt Däischter kucken s'op déng Wisen An se dreën dénger Sot. Stuurm as hirem Won säin Täissel An hir Päerd si d'wellt Geros. Roudeblëtz dat as hir Gäissel An den Donner as hir Strooss. 'T këmmt dohier op Feierfliichten Baang verwallt as Hurt an Häerd. D'Bëscher kraachen an all Friichten Leen sech mam Gesicht op d'Äerd. Dach sief roueg: fort zitt d'Wieder Kuck, de Reebou steet schuns do. An him kucken Hällm, Gras a Blieder An och d'Uebsbeem roueg no. Jee, genuch as hei nu dës Sproochen D'Aarbecht feelt am Summer nët: Mëscht ze féiren, d'Land ze broochen Lou ze schläissen, dat an dët. Wann zerguttst all Blumme bléien Dann huet d'°Gras a Kraut séng Kraaft D'Zäit as do! Nu hopp un d'Méien Da behält däin Hee séng Kraaft. Huurteg schlof a kuurzen Nuechten Fréi riff. d'Wuechtel, béck de Réck Well am Da, dat gët déck Schluechten Och vu klengem Gras méi déck. Da mat Gaaflen a mat Reechen Fort dir Fralett nun un d'Zieden, T si fir d' Wieder gënsteg Zeechen, Loosst iech dann op d'Feescht nët trieden. Nët ze brucken nët ze brueden Nët ze bréien as om Läpp Hott geméit a muer gelueden Owes këmmt et ston op Häpp. Hitt dech awer dach am Feier Ongediirt däin Hee ze huelen: 'T géif der d'Hoossegt an der Scheier Vläicht mam rouden Hunn bezuelen. No dem Hee gët nët ze lappen D'Aarbecht kEmmt der dënn an déck Fluess a Fimmel sin ze rappen An ze réiren d'Weessestéck. Léisst nu d'Fruucht hir Éigen hänken An den Hällem giel an dir, Dann den Hittche kanns de schwenken Well de Karschnatz klappt un d'Dir. Nun eraus dann Hans a Méchel An dir Fralett alt an d'Rei Mat der Flaus a mat der Séchel An de Meeschter fir derbei. Wi rondém d'Gewane blénken Wat e Räichtom wäit a breet! Wellecht Liddchen as z'erdenken Fir de Bauer an der Freed? Do gesäis de jo gee kloer Schéin zu Käercher as geschmolz All déng Aarbecht vun dem Joer An di Käercher all si Gold. Looss mech dach se Gold nët nennen Looss mech 1wer d'Gold s'erhiewen Wat ee kritt aus Gotteshännen Dat as Gléck an dat as Liewen. Sin nun d'Gowen agescheiert Wann am Faass de Greeche schaimt Frou gët d'Kiirmes da gefeiert A gesonge wat sech reimt. Schéi wäerd d'Jor sech ëm dech dréien Wann s de äerdeg bas a weis Bas de fierdeg kaum mam Méien Kingt déng Sot schuns op en Neis. Jo, bei dir huet Plaz gewonnen Wat en Dichter huet gesot: Sauer Woche fréilech Stonnen Rou am Häerz a Freed am Stot. Wann s de weess wi häerzlech gären Ech der méi dees Gléck verschaaft! Ma am Himmel do sin d'Hären Déi eleng hun duerfir d'Kraaft. Hief däin Häerz a looss mer fléien Bei di Häre looss mer gon Datt däi Pléien an däi Séien Vill där Käercher sollen dron. Sonneschäin a wootlech Drépsen Schéckt dir Hären dach als Buet Loosst nët rau de Som bestëbsen An och d'Wiedre ma kee Schued. Setzt dir Hären dach gutt Wuechten, Datt kee Frascht an d'Land sech schmockelt, Dee mat Räif an eng zwou Nuechten All jong Semercher äis kockelt. Suergt mer fir mäi lëtwe Bauer Fir séng Fra, fir Kand a Kénn As em d'Aarbecht dack och sauer: Schéckt eng Freed em drop geschwënn. O, mäi Bauer maacht mer glécklech Hien as d''Wuurzel vun den Äscht. D'Schréftgeléiert si geschécklech Dach de Bauer schafft der bescht. Steet enzwou an engem Wénkel Him zum Leed e Batterbam: Wie Wantergréngsgekrénkel Hänkt em drëm e Blummendram. Datt e sonndes dach séng Schäppchen Mat dem Noper fréilech drénkt Well en d'Woch duurch sech de Käppchen Voller eescht Gedanken dénkt. Datt och owens an den Uuchten Wann ëm d'Haus de Wanter päift Wann se schaffe bei de Luuchten Frou e Lidd ëm d'Häerz ergräift. Schloss Sou, verstees de séngt de Vugel Sot de Bauer du zum Kand. Kuck nu schéisst en‚ wi eng Kugel Aus der Loft erof op d'Land. Jii, nu looss mer stall hei halen Hei as d'Stéck dat gët geséit, Nun erof vum Päerd mäin Alen, Lo gesäis de wi ee pléit. Huurteg werft nu d'Éig vum Schlitt en, An e riicht de Plou sech gutt Gräift un d'Huer an och un d'Gitten Hott! hi! Haar! mat frouem Mutt. Ma der Léierchen hiirt Liddchen Dat gefoul dem Jong esou, Datt e fest sech dréckt den Hittchen A schuns hale wëllt de Plou.